Virtuell Klassesäll moderéieren- 2h online workshop for teachers (LU)

Friday, 10 April 2020 10:00 AM - 12:00 PM CET

Register Now

Registration

Sale ended

Virtualclass_ticket Partial Approval - Free

Enter your discount code

  • Fee
  • Total amount

1. Select Seats

2. Review and Proceed

Friday, 10 April 2020 10:00 AM - 12:00 PM CET

Kontext

Mobiliséiert duerch di aktuell Situatioun, ginn Enseignant/e/n encouragéiert sech di nei Technologien an Outilen unzeegenen, fir weiderhi kennen Unterrecht ze halen. Fir ee Klassenzëmmer virtuell nozebilden, muss een déi digital Applikatiounen, mat hire Méiglechkeeten déi se fir d ‘Schüler bidden an awer och hire Limite, kennen.

Wärend dësem online Workshop léiere mir d ‘Potential vun den online Outile kenne mat deenen een d´Schüler sënnvoll a moderéierte Coursë partizipéiere loosse kann.

Duerch online Konferenzapplikatiounen ( Google Hangout, Zoom, Go To Meeting, Big Blue Button) ass et souwuel de Schüler wei och den Enseignant/e/n méiglech aktiv un de Séancen deelzehuelen, esou wei wann een zesummen an engem reelle Klassesall wier.

De Rôle vum Enseignant ass heibäi virun allem deen, vun engem Moderator a verlaangt engersäits d ‘Beherrsche vun den technologesche Méiglechkeeten an anerersäits vu Moderatiounstechnike fir een ënnerstëtzend Leier Ëmfeld opzebauen.

 

Zilsetzung

 

Wëssen :

D ‘Participante kennen duerno :

-  mindestens  3 digital online Outilen, déi et hinnen erméiglechen ee Webinar/Videokonferenz mat hire Schüler ze organiséieren. 

- Prinzippie vum Online Léieren

- den Ënnerscheed tësche Webinar (Konferenz) a partizipativer online Klass


Kennen :

Participante kennen :


- een inklusiivt Leierëmfeld online kreéieren  (techniques de facilitation)

- Schwieregkeete wärend enger Sessioun géréieren (tëschent Schüler, oder individuell Schwieregkeeten) 

- Schüler um Sujet partizipéiere loossen, andeems interaktiv Outile wärend an tëschent de Sessioune genotzt ginn

- Urgencë géréieren


Attitüd

Participante gëtt gehollef :


- eng angeneem Leieratmosphär fir hier Schüler ze kreéieren

- eng Bedeelegung vu jidderengem an der Sessioun assuréieren

- déi Schüler mat Schwieregkeete matanzebezéien.

 

 

Inhalt

 

Des Sessioun gëtt op Besoine vun de Participanten ugepasst. Dowéinst soll jiddereen ier en un der Formatioun deelhëlt ee Questionnaire iwwert seng Erwaardungen ausfëllen. Des Erwaardunge sinn ee wichtege Bestanddeel vun der Formatioun.

Oflaf vum Programm:

-ier mer ufänken: technesch Froen (Programmer, Virbereedung vun de Schüler)

- ier mer ufänken: ee gutt Leier preparéieren( Plénière, kleng Gruppen, Individuellt Leieren)

- Prinzippie vum online Leieren

- wat ee maache soll a wat net an der online Moderatioun  (Interaktivitéit, Spiller an dynamesch Aktivitéite mat online Applikatioune wie z.B. Kahoot)

- Mat Urgencen ëmgoen: wat maachen ech wa keng Connectioun méi ass – Plan B an Alternativen (You tube)

- är Online Klasse: éischt Versich.


Um Enn vun der Sessioun gi Participanten no engem Feedback gefrot

 

Aarbechtsform :

Online Sessioune baséieren op der « Telecollaboration », dem Peer Sharing an Leieren duerch empirescht Leieren

- Télécollaboration a Peer Sharing :

D´Videokonferenzapplikatioun déi an dëser Sessioun genotzt gëtt erlaabt et den Participanten sech ënnerdeelen ze vernetzen.

Déi éischt Commentairen déi mer kritt hunn ënnersträiche wei wichteg et ass fir d ‘Enseignanten de Standpunkt vun deenen aneren ze verstoen an d ‘Manéier wei si des Situatioun géréieren (an sech ggf ënnereneen ze hëllefen) Funktionalitéite vum Programm (Sessioun Plénière, kleng Gruppen, Individuelle Chat) erlaben et den Participanten sech auszetauschen an hier Meenung auszedrécken, esou wei an engem reelle Klassesall.

- Peer Sharing: Ee weidere wichtegen Deel vun der Sessioun ass dem Erfarungsaustosch tëschent den Enseignanten, iwwert déi digital Outilen déi si well benotzen an de Challengë déi si dobäi gesinn. Doduerch entsteet eng Gruppendynamik, ee géigesäitegt Ënnerstëtzung an ee Gefill vu Solidaritéit

- Empirescht Leiere: Participanten léieren an dësem Deel vum Cours aktiv  déi verschidden Outilen unzewennen andeems se als Schüler un enger Sessioun deelhuelen. Op dësem Wee leiert een ganz konkret déi verschidden Virdeeler a Schwieregketen déi een als Participant huet kennen. Des Erfarungen kennen eent zu eent an Realitéit vum Unterrecht transferéiert ginn. Beim Debriefing vun der Sessioun ginn die individuell Erfahrungen an der Grupp diskutéiert. 

 

 

Formateur, Formatrice

Magdalena Jakubowska
Julia Gregor
Piotr Gawel

Remarquen

Dëse Cours gëtt op englesch oder lëtzebuergesch ugebueden. Participanten mussen Internet Zougang hunn, ee Computer mat enger Kamera a Microphone (am beschten PC, Laptop, Ipad oder ähnlech an nit Smartphone) 

Kopfhörer mat Mikro sinn recommandéiert mee net zwéngend noutwenneg
Participante kréien hiren Zougangs Code bei der Umeldung vum IFEN.

 

ArtSquare Lab

artsquarelab.net

Art Square Lab is the first service design agency in Luxembourg.

Contact the Organizer